Achondritte (Griichesch Sprooch ά (a-), ‚ouni‘ an χόνδρος (chondros), ‚Koar‘) si Steemeteoritten, déi am Géigesaz zu de méi heefege Chondritte keng oder nëmmen nach wéineg Chondren hunn. Unhand vun Element- an Isotopeverhältnesser ginn Achondritten a Gruppen agedeelt. Ënnerscheet gi primitiv Achondritten, déi sech vu Chondritten nëmmen an der Textur ënnerscheeden a Reschter vu Chondren enthale kënnen, an differenzéiert Steemeteoritten, déi net vill Eisen oder eiseléislech Elementer hunn. Si goufen aus der Kuuscht oder dem Mantel vu gréissere Mammekierper erausgeschloen, déi sech bei hirer Genesis an en Eisekär a Mantel differenzéiert hunn. Dräi Gruppen, déi zesummen ongeféier zwéin Drëttel vun den Achondritten ausmaachen, stame warscheinlech vum Zwergplanéit (4) Vesta, e puer vum Äerdmound a vum Mars, aner konnte bis elo net klasséiert ginn.
De magmateschen Urspronk vun den Achondritte gouf fir d'éischt vum Berliner Mineralogieprofesser Gustav Rose erkannt.
Achondritte sinn (vun der donkeler Kuuscht ofgesinn) dacks gro bis wäiss gefierft a bestinn aus magmateschem Gestengs, dat sech an éischter Linn aus de Silikat-Mineraler Olivin, Pyroxen a Plagioklas zesummesetzen. Achondritte hu bal ëmmer méi en niddrege Gehalt vun Néckeleise wéi Chondritten.[1] Et gëtt awer och Achondritte, déi bis zu 80 % Néckeleisen enthalen.
Et ënnerscheet een déi follgend beschriwwen Ënnerklassen.[2]
D'Steemeteoritte vun der HED-Grupp sinn déi heefegst Grupp, als Urspronk gëtt den Asteroid (4) Vesta ugeholl, well d'Reflektiounsspektren vun dëser Grupp an dat vu Vesta sech zimmlech änlech sinn.[3]
All bis elo ënnersicht Diogenitten hunn e Bestralungsalter vun 22 oder 36 Millioune Joer, d. h. zu dëse béiden Zäitpunkte misste si duerch eng Kollisioun vun engem Mammekierper abgesprengt gi sinn. Als Mammekierper gëtt den Asteroid (237442) 1999 TA10 diskutéiert, dee selwer aus dem Mantel vum (4) Vesta stamen däerft.[5],[6]
Si musse vun engem relativ grousse Kierper stamen, méiglecherweis vum Mars.[7]
D'Angritte, genannt no der Fonntplaz Angra dos Reis a Brasilien, sinn differenzéiert Achondritte, déi aus Pyroxen, Olivin a Plagioklas bestinn. Anescht wéi bei de Chondritten a primitiven Achondritte leien dës Mineraler a Forme vir, déi op e magmatesch Entstoen hiweisen. Si enthalen dacks Aschlëss, déi als erstarrt Gasblose gedeit ginn. Vun hirer Struktur a cheemescher Zesummesetzung gläiche se den ierdesche Basalten. Den Urspronk vun den Angritten ass bis haut ongekläert. Offensichtlech stame se vun engem eegenen Urspronkskierper of, deen nach net identifizéiert konnt ginn.
D'Aubritten (genannt no der Fonntplaz Aubres, Frankräich) enthalen dat magnesiumräicht Mineral Enstatit. Doriwwer eraus kommen ënnerschiddlech Deeler vu reduzéiertem Néckel-Eisen, d'Eisesulfid Troilit, d'Silikat Olivin a rar Mineraler vir, déi op eng magmatesch Genesis schléisse loossen. Beim Verglach vun de Reflexiounsspektre vun Asteroide goufen eng Iwwereneestëmmung mat dem Asteroid Nysa festgestallt. Méiglecherweis stamen d'Aubritte vun dësem Himmelskierper.
D'Ureilitte (genannt no Novo Urei, Russland) bestinn haaptsächlech aus Olivin a Pyroxen. Eng Eegenheet vun den Ureilitten ass eng kuelestoffräich, vun Oderen duerchzunne Matrix, déi Graphit, Diamant, Néckel-Eisen enthalen. D'Zwëscheraim sinn ausgefëllt mat Silikater. Cheemesch an isotopesch Ënnersich vun den Ureilitte féieren zu widersprëchleche Resultaten. Eng heterogen Verdeelung vun de Sauerstoffisotopen an en héijen Deel un Edelgasen an den Ureilitte schwätze géint wäitreechend Diffenrenzéierung vum Ureilitte-Mammekierper. Gläichzäiteg sinn Ureilitten awer ofgeräichert a siderophilen a lithophilen Elementer, wat op déi fraktionéiert Kristallisatioun vun enger basaltescher an enger metallescher Komponent hiweist. Bis elo existéiert keng allgemeng unerkannt Theorie iwwer d'Genesis an den Urspronk vun dëse Meteoritten.[9]
Acapulcoitte (Acapulco, Mexiko), Brachinitte (Brachina, Australien), Lodranitte (Lodran, Indien), Winonaitte (Winona, USA): Dës véier Klasse vun Achondritte ginn als primitiv Achondritten zesummegefaasst. D'Differenzéierung vun dëse Meteoritten ass onvollstänneg, soudatt si hir primitiv (chondritesch) Zesummesetzung gréisstendeels behalen hunn. Déi typesch Struktur vun de Chondritte goung awer verluer, d'Chondre goufen zerstéiert.
Duerch de Verglach mat de Moundprouwen, déi d'Astronaute matbruecht haten, kann eendeiteg gewise ginn, datt si vum Äerdmound stamen. Si enthalen dacks Moundregolith vun der Mounduewerfläch. Et ass interessant, datt Moundmeteoritte op der Äerd eréischt no der Moundlandung fonnt goufen, well eréischt d'Analyse vu Moundgestengs e séchere Nowäis iwwer Hierkomme vum Mound et erlaabt hunn. Déi éischt Moundmeteoritte goufen an der Antarktis fonnt. Den éischten net-antarktesche Moundmeteorit war de Calcalong Creek aus Australien, beschriwwen am Joer 1991. Spéider goufen weider Meteoritten an Afrika an am Oman identifizéiert. An dëser Grupp kann een no hirer Ofstamung verschidden Ënnerklassen erkennen, déi Anorthositesch Regolith-Héichlandbrekzien, déi Fragmental Héichlandbrekzien, Impakt-Schmëlzbrekzien, Marebasalte a schlissleich Maregabbroen.