Alexander Weyer
Gebuer 4. Februar 1872
Gestuerwen 1921
Nationalitéit Lëtzebuerg

Den Alex Weyer, gebuer de 4. Februar 1872 als Jean Decker zu Monnerech[1], a gestuerwen 1921 zu Kairo, war e lëtzebuergesche Kraaftmënsch an Illusionnist, deen ënner de Kënschtlernimm The Great Alexander Weyer oder Weyer le Mystérieux opgetrueden ass. Den Numm Weyer kënnt vu senger Mamm Jeanne Weyer. Hien ass ënner anerem zu New York als Kraaftmënsch opgetrueden. Seng Tournéeën hunn hien duerch Europa an uechter Nordafrika gefouert.

Säi Liewen

Den Decker ass 1887 mat senger Famill an Amerika ausgewandert. Do ass en ufanks als Kraaftmënsch am New-Yorker Dime Museum opgetrueden - z. B. huet e mat blousser Hand en Nol an e 5 cm déckt Briet gedriwwen. Spéider huet hie sech de "Kikobo Indians" ugeschloss an ass mat hinne queesch duerch d'USA op Tournée gaangen.

Hien hat e puermol Optrëtter zesumme mam John Grün.

1900 ass hien a seng Heemechtsuertschaft zeréckkomm. Do huet hie 5 Joer laang u sengen Nummere geprouft, an ass duerno, zesumme mat senger Famill, mat Illusionisten-Nummeren an Europa op Tournée gaangen. Uganks 1914 huet seng Tournée en an Egypten gefouert, vu wou en, wéinst dem Ausbroch vum Éischte Weltkrich, net méi zeréck konnt. Hien huet 1918 do den Theatre of Mystery opgemaach, deen awer kee Succès hat, soudatt en déi lescht Jore vu sengem Liewe säin Ënnerhalt mat der Fabrikatioun vu Rees-Malle bestridden huet.

Den Alex Weyer war mam Harry Houdini befrënnt, a stoung mat him a reegelméissege Bréifkontakt. Am Houdini sengem Buch vun 1920, dat bei E. P. Dutton and Co. zu New York erauskoum The Miracle Mongers and their Methods., dat den Ënnertitel dréit A Complete Exposé of the Modus Operandi of Fire Eaters, Heat Resisters, Poison Eaters, Venomous Reptile Defiers, Sword Swallowers, Human Ostriches, Strong Men, Etc., ass ee Kapitel dran iwwer den Alexander Weyer an eent iwwer den John Grun Marx, (John Grün).

Literatur

Um Spaweck

Referenzen

  1. Gebuertsakt vum Jean Decker alias Alex Weyer