Dësen Artikel beschäftegt sech mat Schrëftsteller Alexandre Dumas (1802-1870). Fir säi Jong mam selwechten Numm, deen och Schrëftsteller war, kuckt wgl. Alexandre Dumas (Jong).
Alexandre Dumas
Gebuer 24. Juli 1802
Villers-Cotterêts
Gestuerwen 5. Dezember 1870
Dieppe
Doudesursaach Hiereschlag
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Romancier, Dramatiker, Schrëftsteller
Famill
Liewenspartner(in) Belle Krelsamer
Kanner Alexandre Dumas

Den Alexandre Dumas, gebuer als Alexandre Dumas Davy de la Pailleterie de 24. Juli 1802 zu Villers-Cotterêts am Departement Aisne, a gestuerwen de 5. Dezember 1870; am franséischsproochege Raum meeschtens als Alexandre Dumas, père bekannt, war e franséische Schrëftsteller.

Seng Wierker goufen an iwwer 100 Sproochen iwwersat, an hien ass ee vun deene franséischsproochegen Auteuren, déi am meeschte gelies ginn. Bekannt si virun allem seng historesch Abenteuer-Romaner, wéi Le comte de Monte Cristo, Les Trois Mousquetaires, Vingt an après, oder Le vicomte de Bragelonne: Dix ans après. Dës koume fir d'éischt als Fortsetzungen eraus. Bis haut gouf säi Wierk eng zweehonnertmol verfilmt.

Nieft de Romaner huet den Dumas och Theaterstécker geschriwwen, déi e mat Succès dovun adaptéiert huet. Ausserdeem huet hien eng jett Zäitschrëftenartikelen a Reesbicher geschriwwen; all seng Bicher zesummen hunn iwwer 100.000 Säiten. Den Dumas huet och den Théâtre Historique zu Paräis gegrënnt.

Wéi den Napoleon III. 1851 un d'Muecht koum, ass den Dumas fir d'éischt e puer Joer an d'Belsch wunne gaangen, duerno e puer Joer a Russland, an nach duerno an Italien. 1861 huet hien do d'Zeitung L'Indipendente gegrënnt an erausginn déi déi italieenesch Vereenegung ënnerstëtzt huet. 1864 ass hien op Paräis zeréckgaangen.

Den Dumas war bestuet, hat awer e ganze Koup Affairen niewelaanscht, aus deenen op d'mannst 4 Kanner bekannt sinn, absënns den Alexandre, deen och e bekannte Schrëftsteller gouf.

Theaterstécker (Auswiel)

Abenteuerromaner (Auswiel)

Historesch Romaner (Auswiel)

Reesliteratur (Auswiel)

Novellen (Auswiel)

Iwwer déi franséisch Kichen

Um Spaweck

Commons: Alexandre Dumas (Papp) – Biller, Videoen oder Audiodateien