Andy Griffith | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Andy Samuel Griffith |
Gebuer |
7. Juni 1926 Mount Airy |
Gestuerwen |
3. Juli 2012 Manteo |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | University of North Carolina at Chapel Hill |
Aktivitéit | Filmproduzent, Sänger, Synchronspriecher, Museker, Liddermécher, Televisiounsschauspiller, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Dréibuchauteur, Enseignant, Televisiounsproduzent, Museksprofesser, Komiker |
Partei | Democratic Party |
![]() |
Den Andy Samuel Griffith, gebuer den 1. Juni 1926 zu Mount Airy (North Carolina), a gestuerwen den 3. Juli 2012 zu Manteo (North Carolina), war een US-amerikanesche Schauspiller. Seng bekanntst Roll war déi vum Benjamin Matlock an der Tëleesserie Matlock.
De Griffith hat en éischte Succès 1955 am Broadway-Theaterstéck No Time for Sergeants, déi méi spéit och mat him verfilmt gouf. Huet hien de Sheriff Andy Taylor an der The Andy Griffith Show gespillt. Fir seng Roll als Ash Robinson am Tëleesfilm Murder in Texas gouf hie fir den Emmy Award nomminiéert.
1972 huet de Griffith seng eege Produktiounsfirma opgeriicht, déi eng sëllege Showen an Tëleesserië produzéiert huet.
A Serie wéi The Love Boat, Hawaii Five-O, Diagnosis Murder oder Dawson's Creek hat hie Gaaschtoptrëtter. Hien huegt och an enger ettlecher Filmer matgespillt, wéi Rustlers' Rhapsody, Spy Hard, Daddy and Them a Waitress.
Commons: Andy Griffith – Biller, Videoen oder Audiodateien |