Provisoresch oder systematesch Bezeechung | S/2001 J 1 |
---|---|
Zentralkierper | Jupiter |
Eegenschafte vum Orbit | |
Grouss Hallefachs | 23.039.000 km |
Periapsis | 15.344.000 km |
Apoapsis | 30.734.000 km |
Exzentrizitéit | 0,334 |
Ëmlafzäit | 762,70 Deeg |
Ëmlafvitess | 2,20 km/s |
Inklinatioun | 152,9° |
Physikalesch Donnéeën | |
Mëttleren Duerchmiesser | 4 km |
Albedo | 0,04 |
Visuell Magnitude (mag) | 22,0 |
Entdeckung | |
Entdecker | IFA Hawaii |
Entdeckungsdatum | 10. Dezember 2001 |
Den Autonoe (oder Jupiter XXVIII) ass ee vun de klenge baussenzege Mounde vum Planéit Jupiter.
Den Autonoe gouf den 10. Dezember 2001 vun Astronome vum astronomeschen Institut vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. Déi virleefeg Bezeechnung vum Mound war S/2001 J 1.
De Mound gouf no der Autonoe, enger Schwëster vun der Semele, aus der griichescher Mythologie genannt.
Den Autonoe kreest op enger mëttlerer Distanz vun 23.039.000 km a 762 Deeg a 17 Stonnen ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,334. Mat enger Schréi vun 152,9° ass d'Bunn retrograd, d. h., de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.
Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt de Mound Autonoe bei Pasiphae-Grupp, genannt nom Jupitermound Pasiphae, gerechent.
Den Duerchmiesser vum Mound Autonoe huet an der Moyenne 4 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hien ass warscheinlech haaptsächlech aus Silikatgestengs opgebaut. Den Autonoe huet eng ganz däischter Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. D'visuell Magnitude ass 22,0m.