Barcelona | |
---|---|
Vue iwwer Barcelona | |
Land | Spuenien |
Autonom Gemeinschaft | Katalounien |
Provënz | Barcelona |
Awunner | 1.595.110 (INE 2007) |
Fläch | 100,40 |
Koordinaten |
41° 24’ 00’’ N 02° 10’ 00’’ O |
Telefonszon | 93 |
Postcode | 08001–08042 |
Websäit | https://www.barcelona.cat |
Barcelona ass d'Haaptstad vun der spuenescher Provënz Barcelona a vun der autonomer Regioun Katalounien.
Barcelona läit um Mëttelmier am Nordoste vu Spuenien, ongeféier 160 km südlech vun de Pyrenäen an der Grenz mat Frankräich. Et ass déi zweetgréisst Stad a Spuenien an déi gréisst a Katalounien. Mat de Faubourge liewen do ronn 3 Mio. Leit.
Barcelona ass an 10 Distrikter agedeelt:
Barcelona huet e Mëttelmierklima. An alle Joreszäite sinn d'Temperaturen agreabel mat meeschtens sonnegen Deeg. Den August ass de wäermste Mount mat ëm déi 30 Grad, tëscht dem November an dem Februar leien d'Temperaturen am Duerchschnëtt bei 12 Grad.
D'Geschicht vu Barcelona huet virun 2000 Joer mat der ibeerescher Uertschaft Barkeno ugefaangen. Déi Uertschaft louch op engem Küstenofschnëtt tëscht dem Collserola-Kamm an dem Mëttelmier um Wee vun Zentraleuropa bis op d'Ibeeresch Hallefinsel.
Barcelona huet eng laang Geschicht, an et fënnt ee vill Bauwierker aus der Romanik, Gotik, Renaissance oder souguer nach méi al Epochen. Ëm d'Joerhonnertwenn war Barcelona en Zentrum vum modernistesche Stil, an et war haaptsächlech den Antoni Gaudí, deen zesumme mat aneren der Stad en neit Gesiicht ginn huet. Déi bekanntst Gebaier sinn d'Sagrada Familia, d'Casa Milà, de Park Güell oder nach d'Casa Batlló. Kuckeswäert ass och dat typescht Spuenescht Duerf, dat zu Barcelona nogebaut gouf.
Déi grouss Auswiel vu Muséeën zu Barcelona bitt Informatioune vun zäitgenëssescher Konscht bis hin zu romanesche Fresken.
1985 hunn d'Renovatiounsaarbechten un alle stättesche Muséeën ugefaangen an déi meescht si mëttlerweil erëm fir déi Intresséiert op. Déi wichtegst Musséeë sinn:
|
|
Commons: Barcelona – Biller, Videoen oder Audiodateien |