D'Brigade Piron offiziell 1. Belsch Brigade gouf am Zweete Weltkrich a Wales (Pays de Galles), Groussbritannien (Insel) vum Jean-Baptiste Piron zesummegestallt a stoung ënner dem ieweschte Kommando vun der kanadescher 6th Airborne Division vun der 1. Kanadescher Améi. Vum 28. August 1944 u stoung si awer dunn ënner dem Kommando vun der 49. Englescher Divisioun.

Wee vun der Brigade am Krich an duerno

D'Brigade huet aus ongeféier 4500 belschen a lëtzebuergeschen Zaldote bestanen, déi sech aus hire besate Länner no England duerchgeschloen haten. D'Brigade, déi net an den éischte Stonne vun der alliéierter Invasioun bedeelegt war, ass de 7. August 1944 zu Arromanches bei Courseulles gelant, an huet den 21. August zu Cabourg, den 22. August zu Deauville, de 24. August zu Trouville-sur-Mer an de 25. August zu Honfleur déi däitsch Truppe verdriwwen.

Duerno war d'Brigade un der Liberatioun vun der Belsch bedeelegt. Si ass den 3. September bei Rogny iwwer d'belsch-franséisch Grenz gaangen an huet een Dag méi spéit Bréissel vun den däitsche Besatzungstruppe gerengegt.

No e puer Deeg Congé fir hir Familljen ze besiche waren d'Zaldote vun der Brigade erëm beim Feldzuch an Holland dobäi. Hir zu Éieren huet déi kleng hollännesch Stad Thorn, well d'Brigade do d'Truppe vun der Wehrmacht verdriwwen huet, eng Bréck op den Numm Brigade Piron-Bréck gedeeft. Op der Brussels Bridge iwwer d'Zuid-Willemsvaart zu Bree erënnert e Panneau un d'Kämpf déi d'Brigade sech do mat den Däitschen de 25. September 1944 geliwwert huet.

Nom Krich war si de Stack vun der neigeschaafter Belscher Arméi . Si war laang an Däitschland stationéiert, an der Géigend vu Siegen a vu Lüdenscheid.

Spéider gouf s'op Bataillon de la Libération ëmgedeeft an ass haut an der Kasär zu Leopoldsbourg stationéiert.

Lëtzebuerger an der Brigade Piron

Offizéier

Ënneroffizéier

Zaldoten

Literatur zum Theema

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Brigade Piron – Biller, Videoen oder Audiodateien