Buddy Holly
Gebuertsnumm Charles Hardin Holley
Gebuer 7. September 1936
Gestuerwen 3. Februar 1959
Doudesursaach Fligeraccident
Nationalitéit USA
Aktivitéit Gittarist, Sänger, Lidderschreiwer, Komponist, Museksproduzent
Famill
Bestuet mat María Elena Holly

De Buddy Holly (fir richteg Charles Hardin Holley), gebuer de 7. September 1936 zu Lubbock, am Texas a gestuerwen den 3. Februar 1959 bei Mason City, Iowa, war en US-amerikanesche Rock-'n'-Roll-Museker a Lidderschreiwer.

Mat seng bekanntst Titele sinn That'll Be the Day, Peggy Sue, Oh Boy! an It Doesn't Matter Anymore.

De Buddy Holly war den éischte Museker mat Succès, deen d'Standard-Formatioun vun enger Rockband, mat Leadgittar, Rhythmusgittar, Bass a Batterie etabléiert huet, déi d'Beatles sou iwwerholl hunn. Souwuel op d'Beatles, wéi och op d'Rolling Stones, hat hien e groussen Afloss. Vill vu senge Lidder goufe vun anere Museker gecovert.

Hien ass bei engem Fligeraccident ëm d'Liewe komm. Den Don McLean huet him 1971 am Lidd American Pie e Monument gesat, wéi en deen Dag "The Day the Music Died" genannt huet.

Literatur

Um Spaweck

Commons: Buddy Holly – Biller, Videoen oder Audiodateien