![]() |
Dësen Artikel iwwer en Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Carl Michael Bellman | |
---|---|
![]() | |
Gebuer | 4. Februar 1740 |
Gestuerwen |
11. Februar 1795 Klara församling |
Doudesursaach | Tuberkulos |
Nationalitéit | Schweden |
Educatioun | Universitéit Uppsala |
Aktivitéit | Dichter, Komponist, Schrëftsteller |
![]() |
De Carl Michael Bellman, gebuer de 4. Februar 1740 zu Stockholm a Schweden, an do gestuerwen den 11. Februar 1795 war e schweedeschen Dichter. Hie gëllt als de schweedeschen Nationaldichter.
Dem Bellman seng Haaptwierker si béids Liddersammlungen:
De räichen Auermécher vum Haff Jean Fredman, deen de Branntewäin an an onglécklecht Bestietnes an de Kulang bruecht haten, gouf den 13. Mee 1767 begruewen. Knapps e Joer duerno war hien d'Haaptpersoun vum Bellman senge Lidder. Eleng d'Spillerei mat den Nimm Bellman (bellum = Krich) a Fredman (= Friddensmann) weist um Bellman säin Alter ego hin. De Bellman war e Kand vun der Opklärung an hien hat ënner anerem Freed drun, fir mat villem de Spunnes ze maachen. Seng Lidder ware Sauflidder, Lidder iwwer d'Léift an iwwer den Doud.
Déi bekanntst Iwwersetzunge stame vum Carl Zuckmayer, deen 1938 och dem Bellman säin Theaterstéck Ulla Winblad erausbruecht huet, vum Fritz Grasshoff, engem Brudder am Geescht a vum Hans Carl Artman, deen 1976 mam Michael Korth bei Heimeran eng zweesproocheg Auswiel mat Texter, déi ee sange kann erausginn.
Dem Bellman seng Lidder goufe vu villen däitsche Sänger interpretéiert: