Christopher Plummer | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Arthur Christopher Orme Plummer |
Gebuer |
13. Dezember 1929 Toronto |
Gestuerwen | 5. Februar 2021 |
Nationalitéit | Kanada |
Aktivitéit | Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Synchronspriecher, Charakterschauspiller, Theaterschauspiller, Schauspiller |
Member vun | American Academy of Arts and Sciences |
Famill | |
Bestuet mat | Tammy Grimes |
Kanner | Amanda Plummer |
![]() |
De Christopher Plummer, gebuer als Arthur Christopher Orme Plummer den 13. Dezember 1929 zu Toronto (Ontario) a gestuerwen de 5. Februar 2021 zu Weston war e kanadesche Schauspiller.
Am Joer 1958 krut de Christopher Plummer vum Sidney Lumet am Film Stage Struck seng éischt Roll am Kino. Opgefall ass hie beim grousse Public mat der Roll vum Baron von Trapp am Filmmusical The Sound of Music (1965) vum Robert Wise. Weider bekannt Filmer mat him sinn The Fall of the Roman Empire (1964) vum Anthony Mann, Battle of Britain (1969) vum Guy Hamilton, The Man Who Would Be King (1975) vum John Huston an Twelve Monkeys (1995) vum Terry Gilliam.
Fir d'Roll vum homosexuellen Hal am Film Beginners krut hien am Alter vun 82 Joer den Oscar als beschte Schauspiller an enger Nieweroll.
Dem Plummer seng Duechter Amanda Plummer ass och Schauspillerin.
Commons: Christopher Plummer – Biller, Videoen oder Audiodateien |