Dominique Sanda | |
---|---|
Gebuertsnumm | Dominique Marie-Françoise Renée Varaigne |
Gebuer |
11. Mäerz 1951 12. Arrondissement |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Filmschauspiller |
D'Dominique Sanda, gebuer als Dominique Marie-Françoise Renée Varaigne den 11. Mäerz 1951 zu Paräis, ass eng franséisch Schauspillerin.
D'Dominique Sanda krut vum Robert Bresson am Film Une femme douce hir éischt grouss Roll am Kino. Duerno huet si a bedeitenden italieenesche Filmer wéi Il conformista (1970) vum Bernardo Bertolucci (1970), Il giardino dei Finzi Contini (1971) vum Vittorio De Sica, L'eredità Ferramonti, (1975) vum Mauro Bolognini, Novecento, (1976) vum Bernardo Bertolucci a Gruppo di famiglia in un interno (1974) vum Luchino Visconti matgespillt. Aner wichteg Filmer mat hir sinn The Mackintosh Man (1973) vum John Huston, Le voyage en douce (1979) vum Michel Deville an Une chambre en ville, (1983) vum Jacques Demy.
Commons: Dominique Sanda – Biller, Videoen oder Audiodateien |