Edmond Israel | |
---|---|
Gebuer | 5. Mee 1924 |
Gestuerwen |
4. Februar 2011 Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Banquier |
![]() |
Den Edmond Israel, gebuer de 5. Mee 1924 a gestuerwen de 4. Februar 2011 an der Stad Lëtzebuerg,[1] war e lëtzebuergesche Banquier.
1940 ass den Edmond Israel mat sengen Eltere virun den däitsche Besetzer an d'USA geflücht. nodeem hien 1945 op Lëtzebuerg zeréckkomm war, huet hien eng Aarbechtsplaz fonnt bei der Banque internationale à Luxembourg, wou hien um Enn Member vum Verwaltungsrot a Generaldirekter war. Hie war virun allem um Opbau vun der Finanzplaz Lëtzebuerg bedeelegt. Hie war Verwaltungsrotmember vun der BNP Paribas (Luxembourg), vun der Société Européenne de Banque a vun der Intesa Sanpaolo Holding International.
Follgend Funktiounen hat den Edmond Israel nach:
Den Edmond Israel gouf ë. a. mat der Goldmedail vum Mérite Européen, dem Leopold-Uerden, an dem Großen Verdienstkreuz der Bundesrepublik Deutschland ausgezeechent. Hie war Éierendokter op der Sacred Heart University Luxembourg an der Universitéit Fribourg.[2]