Foni Tissen
Gebuer 3. Juni 1909
Rëmeleng
Gestuerwen 5. Februar 1975
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler, Enseignant
Famill
Geschwëster Berthe Tissen
Cauchemar

Den Alphonse "Foni" Tissen, gebuer den 3. Juni 1909 zu Rëmeleng a gestuerwen de 5. Februar 1975 zu Nanzeg, war e Lëtzebuerger Konschterzéier a Moler.

Säi Liewen

No der Primärschoul zu Rëmeleng ass hie vun 1921 bis 1928 an de Lycée Henri Poincaré op Nanzeg säi Secondaire maache gaangen. Duerno huet e véier Joer an der École nationale supérieure des beaux-arts zu Paräis Konscht studéiert. No sechs Joer, an deenen hie sech an der ganzer Welt erëmgedriwwen huet, geet hien 1936 op München an 1938 op Bréissel op d'Akademie.

1939 fänkt hien als Stagiär an der Escher Industrieschoul un, dem spéidere Lycée de garçons. Den 31. August 1942 ass hie mat siwen anere Proffen beim Lëtzebuerger Generalstreik vun den Nazien aus dem Konferenzsall eraus verhaft ginn. Nodeem e fir d'éischt an de Prisong am Grond koum, huet de Foni Tissen eng batter Zäit am SS-Sonderlager Hinzert verbruecht. Do koum en an déi sougenannt "Malstube", wou en deelweis mam Lucien Wercollier zesummegeschafft huet. Ënner senge villen Autoportraiten ass een, dee weist den Tissen an enger Brak zu Hinzert d'V-Zeeche maachen. Hien huet och eng Baussevue vum KZ Hinzert gemoolt, déi zu Esch am Nationale Resistenzmusée hänkt.

1946 krut de Foni Tissen am Escher Jongelycée d'Charge fir Zeecheproff. Bis 1972 sinn Honnerte vu Schüler duerch hie geléiert ginn ze "kucken".

No der Pensioun huet hie sech meeschtens a sengem Haus zu Heeschpelt opgehalen. Hie konnt net laang dovu profitéieren, well hien ass schonn de 5. Februar 1975 zu Nanzeg am Spidol gestuerwen.

De Foni Tissen war de Brudder vun der Schauspillerin Berthe Tissen. Hie war bestuet a Papp vun zwou Duechteren: Baba (Barbara) Tissen a Vouf (Viviane) Tissen.

Vun 1970 bis 1971 war hie President vum Rotary Club vun Esch-Uelzecht.

Logo vum Centenaire 2009

Centenaire Foni Tissen 2009

Am Joer 2009 si fir den honnertste Gebuertsdag vum Foni Tissen eng sëlleg Evenementer organiséiert ginn:

Säi Wierk

Ausstellungen

Literatur

Kuckt och

Um Spaweck