|
Dëse Medezinsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
|
De Sir Frederick Grant Banting, gebuer de 14. November 1891 zu Alliston, a Kanada, a gestuerwen den 21. Februar 1941 an Neifundland, war e kanadeschen Dokter.
Zesumme mam Charles Best ass hie Matentdecker vum Insulin beim Mënsch (de Rumän Nicolae Paulescu hat e kuerz virdru bei Hënn entdeckt). Zesumme mam John James Rickard Macleod krut hien 1923 den Nobelpräis fir Medezin. Hien ass bis haut dee jéngste Medezinnobelpräisdréier a war deen éischte Kanadier, deen dee Präis kritt huet.