Gemeng Duelem
d'Märei vun Duelem
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Dalheim
de: Dalheim
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Réimech
Chef-lieu Duelem
Buergermeeschter Joseph Heisbourg
Awunner 2.408
  1. Januar 2023
Fläch 1.898 ha
Héicht 309 m
Koordinaten 49° 32’ 29’’ N
      06° 15’ 28’’ O
LAU-Code LU1202
Websäit http://www.dalheim.lu/

D'Gemeng Duelem ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Réimech. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Duelem vun där se och hiren Numm huet.

Uertschaften an der Gemeng

Geographie

D'Gemeng Duelem läit am Südoste vum Groussherzogtum Lëtzebuerg an ass ëmgi vun de Gemenge Conter, Bous-Waldbriedemes, Schengen, Munneref, Fréiseng a Weiler zum Tuer. Si läit um südlechsten Ausleefer vum Lëtzebuerger Sandsteen deen och haut nach an engem Steebroch bei Altwis ofgebaut gëtt. Um Terrain vun der Gemeng hu sechs Baachen hir Quell. Nërdlech vun Duelem huet d'Schleebaach hiren Ufank, déi sech da mat mat der Houbech vereenegt fir dann als Albaach an d'Musel ze lafen. Och d'Hesslengerbaach, déi südlech vu Welfreng entspréngt an d'Grondbaach, déi zu Fëlschdref hiren Ufank huet, lafen iwwer d'Ierpeldengerbaach respektiv d'Gander an d'Musel.

Geschicht

Galloréimesche Vicus

  Haaptartikel zu dësem Theema: Vicus Ricciacus 


Südlech vun der Uertschaft Duelem, am fréiere Stammesgebitt vun den Treverer, läit um héchste Punkt vun engem no Südwesten hin offalenden Héichplateau e réimescht Duerf, e sougenannte Vicus. Eng gutt Partie keltesch Fonntstécker deiten drop hin, datt do och eng keltesch Siidlung war. Déi konnt bis elo awer nach net lokaliséiert ginn.

De galloréimesche Vicus gouf em zirka 17 v. Chr. als Etappeplaz am Kontext vum Bau vun der Via Agrippa gegrënnt, déi vu Lyon iwwer Mâcon, Chalon-sur-Saône, Dijon, Langres, Toul, Metz, Duelem, Tréier duerch d'Äifel op Köln féiert. D'Uertschaft hat an der Antiquitéit den Numm Ricciacum, dee souwuel op der Plaz selwer, wéi och op der Tabula Peutingeriana, enger mëttelalterlecher Ofschrëft vun enger réimescher Kaart, iwwerliwwert ass. Seng Bléi hat en tëscht dem Enn vum 1. an dem 3. Joerhonnert n. Chr. Obwuel Deeler wärend de Germanenafäll an der zweeter Hallschent vum 3. Joerhonnert zerstéiert goufen, war den Uert duerchgängeg bis an di éischt Hallschent vum 5. Joerhonnert bewunnt. Duerno gouf d'Plaz opginn.

Ricciacum hat beandrockend ëffentlech Gebaier, wéi en Theater, e groussen Tempelbezierk an Thermen. Dat sinn Aspekter déi dem Duerf de Charakter vun enger réimescher Klengstad ginn.

Mëttelalter an Neizäit

Dat haitegt Duerf Duelem, dat sech am Dall tëscht dem „Pëtzel-Plateau“ an dem „Péiteschbierg“ erstreckt, gouf an der éischter Hallschent vum 6. Joerhonnert vu fränkeschen Zouwanderer gegrënnt. An Dokumenter gëtt dat elo Dalheim, also „D'Heem am Dall“ genannt Duerf an de Joren 785/786 fir d'éischt ernimmt. Am 10. Joerhonnert koumen d'Uertschaften Duelem, Fëlschdref an en Deel vu Welfreng duerch eng Schenkung an de Besëtz vun der Räichsabtei St Maximin zu Tréier, woumat déi eigentlech Grondhärschaft vun der Meierei Duelem an den Hänn vun der Abtei louch. Den Abt vun Tréier huet fir dee Beräich e Vogt ernannt deen fir och d'Dierfer Duelem, Fëlschdref, Altwis a Welfreng zoustänneg war. Déi Aufgab gouf vun der Härschaft vu Roussy iwwerholl. Vu 1495 un gouf den Härenhaff op Liewenszäit a vum 16. Joerhonnert un, dunn och op Zäit verpacht. Domat geet dann och d'Eegebewirtschaftung vun der Abtei St Maximin op en Enn. Wärend dem Drëssegjärege Krich gouf bal dat komplett Duelem zerstéiert. Och am Hollännesche Krich tëscht 1672 a 1678 gouf Duelem an d'Ëmgéigend geschiedegt. 1680 gouf d'Härschaft vu Roussy vu Frankräich besat a sou gouf och Duelem fir bal ee Joerhonnert bis 1769 franséisch.

Wéi 1795 di franséisch Revolutiounstruppen an d'Herzogtum Lëtzebuerg ageréckt sinn, ass dat als Département des Forêts u Frankräich ugegliddert ginn. Aus der Meierei Duelem gouf d'Commune de Dalheim an den Nicolas Amma gouf hiren éischte Buergermeeschter. 1797 gouf de Code Civil op Lëtzebuerg ugewannt an domat déi al Strukture mat engem eenheetleche Recht ersat. Duelem war vun do u vu Réimech ofhängeg. Vun 1814 un, also nom Zesummebroch vum Napoleonesche Räich, gehéiert Duelem zum nei geschaafte Groussherzogtum Lëtzebuerg, ënner nidderlännescher Herrschaft.

Wopen

Beschreiwung am Originaltext:

Tranché de gueules à un monde d'or sommé d'une aigle romaine du même, et d'azur à deux bars adossés d'argent; à une crosse du même garnie d'or, posée en bande et brochant sur la partition.
D.C. 15. Dezember 1983 - A.M. 4. Abrëll 1984 - Mémorial B 1984, Säit 478 - Projet: Marcel Lenertz 1983
De Wope vun Duelem erzielt d'Vergaangenheet vun Duelem. Den Aadler op der Weltkugel erënnert un d'Réimer, déi hir Spueren do hannerlooss hunn. Déi zwéi Baarwe kommen aus dem Wope vun den Häre vu Buerg-Rëttgen (d'azur à deux bars adossés d'argent) déi zu Duelem, Fëlschdref a Welfreng Vogt a Riichter gespillt hunn. Den Abtstaf erënnert drun datt d'Abtei Sankt-Maximäin eng Zäit am Besëtz vun den dräi Uertschafte war.

Entwécklung vun der Awunnerzuel

Quell:STATEC

Politik

Buergermeeschteren

Kuckeswäertes

Veräiner

De gallo-réimeschen Theater vun Duelem

Interkommunal Syndikater

D'Gemeng Duelem ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Literatur

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Duelem – Biller, Videoen oder Audiodateien