Guy Colling
Gebuer 25. September 1962
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Lycée Michel-Rodange,
Universitéit vu Léiwen,
Universitéit Zürich
Aktivitéit Biolog, Agraringenieur


De Guy Colling, gebuer de 25. September 1962 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Agronom a Botaniker.

De Guy Colling huet op der Université catholique de Louvain-la-Neuve Agronomie studéiert. Am Juli 1986 huet hien do säi Studium mam Diplom vum « ingénieur agronome » ofgeschloss. Spéider huet hien eng Thees op der « Universität Zürich » preparéiert an e krut do am Joer 2004 säin Doktertitel an den Naturwëssenschaften.

De G. Colling schafft zënter dem Joer 2000 als « Chef de service » vum Departement « Biologie des populations » am naturhistoresche Musée.

De G. Colling ass de President vun der « Fondation Faune-Flore » an e leet de « Groupe de recherche botanique » vun der Société des naturalistes luxembourgeois (SNL). Zesumme mam Léopold Reichling an duerno mam Yves Krippel publizéiert hie reegelméisseg, zënter 1996, am Bulletin vun der SNL déi sougenannt « Notes floristiques », an deene vu Joer zu Joer déi rar oder nei Planzen, déi am Land observéiert goufen am Detail opgelëscht ginn. Donieft ass hien den Auteur vu villen anere botanesche Publikatiounen.

Publikatiounen (Auswiel)

Bicher

Colling, G., 2005. Red list of the vascular plants of Luxembourg. Ferrantia 42: 1-76.

Artikelen

Literatur

Um Spaweck