Guy Helminger | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
20. Januar 1963 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller |
Member vun | PEN-Zentrum Deutschland |
Famill | |
Geschwëster | Nico Helminger |
![]() |
De Guy Helminger, gebuer den 20. Januar 1963 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergesche Schrëftsteller. Hie lieft zu Köln.
De Guy Helminger huet Germanistik a Philosophie zu Lëtzebuerg, Heidelberg a Köln studéiert.
Hien huet als Barkeeper, Schauspiller, Regieassistent an 3D-Graphiker geschafft. Hie leet Seminairen, an deenen hien den Auteuren d'Virliesen an d'Virdroe vun hiren Texter méi no bréngt.
Hien huet ausserdeem laang Reesen duerch Afrika, Asien, d'USA a Neiséiland gemaach.
2010 bis 2012 huet hie samschdes owes d'Sendung Kultur op RTL Télé Lëtzebuerg presentéiert, dono, vun 2012 bis 2017, d'Emissioun DNA iwwer Kriminalfäll.
De Guy Helminger ass de Brudder vum Nico Helminger.
![]() |