Henri Adolphe Reuland | |
---|---|
![]() | |
Gebuer | 17. Juni 1838 |
Gestuerwen | 29. Abrëll 1893 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller |
![]() |
Den Henri Adolphe Reuland, gebuer de 17. Juni 1838 an der Fiels[1] an do gestuerwen den 29. Abrëll 1893[2], war e lëtzebuergesche Schneider, Buchbënner, Karmeliterpater an Auteur.[3]
Den Henri Adolphe Reuland koum an der Fiels als eelste Jong vum Johann Reuland an der Barbara Medernach op d'Welt. Als Kand huet e sech e puermol dat lénkst Bee gebrach a well et schlecht verheelt war huet e misse mat Krätsche goen. Hie war schonn als Kand staark u Bicher intresséiert an huet vill gelies, besonnesch Abenteuer- a Rittergeschichten haten him et ugedoen.
No senger Schoulzäit huet hien de Schneiderberuff geléiert well säi Wonsch fir weider ze studéiere sech net erfëlle gelooss huet. D'Famill ass 1855 op Ueschdref geplënnert, koum awer schonn 1868 nees zeréck an d'Fiels. Hei war hie wärend Joren un der Spëtzt vum lokalen Handwierkerveräin.
Nieft der Aarbecht huet en ugefaange mat Geschichte schreiwen an ass mat anere Schrëftsteller zu Lëtzebuerg an och am Ausland a Kontakt getrueden. Hie gouf vum Ueschdrëffer Paschtouer Heimes a vum Fielsser Paschtouer Johann Jakob Didier bei senger schrëftstellerescher Aarbecht gefërdert. 1883 huet en d'Schneiderhandwierk ganz opginn fir sech ganz dem Schreiwen ze widmen. Hie war reegelméissege Mataarbechter vun den Zeitungen an huet och vill Beiträg fir Kalennere geschriwwen. Hien huet och als Buchbënner geschafft.
Wéi seng Schwëster Therèse an d'Karmeliterinneklouschter agetrueden ass, huet hien 1889 hiren Atelier fir kierchlech Konschtstéckerei an Nolemolerei zu Lëtzebuerg iwwerholl. Ee Joer duerno ass en als Terziar an de Karmeliteruerden agetrueden an hat vun do un den Numm "Bruder Johannes vom Kreuz". A senge leschte Liewensjoren huet en un enger schlëmmer Mokränkt gelidden, wourun en 1893 och gestuerwen ass.
Eng ausféierlech Lëscht vum Adolphe Reuland senge Publikatioune fënnt ee beim Martin Blum.[4]