Henri Kugener | |
---|---|
Gebuer |
14. November 1943 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
23. Februar 2022 Innsbruck |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Gynekolog |
![]() |
Den Henri Kugener, gebuer de 14. November 1943 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen den 23. Februar 2022 zu Innsbruck[1], war ee lëtzebuergeschen Dokter (Gynekolog), Medezinhistoriker an Auteur.
Den Henri Kugener huet seng Secondairesstudien (B latine) am Stater Kolléisch 1963 ofgeschloss an duerno Medezin zu Freiburg im Breisgau studéiert. Hien ass Spezialist fir Fraemedezin a Gebuertshëllef ginn. Hie war Member vum Séminaire d'histoire des sciences et de la médecine vum Centre universitaire; 2002 gouf hie Chargé de cours fir Medezingeschicht op de Cours universitaires resp. op der Uni Lëtzebuerg.[2] Hien huet reegelméisseg Konferenze gehalen a wëssenschaftlech Artikelen oder Aufsätz a senger Spezialitéit, respektiv am Beräich Medezingeschicht, publizéiert.