Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Natur- a Sproochfuerscher Henri Rinnen. Fir de Lokalpolitiker, kuckt wgl. Henri Rinnen (Politiker). |
Henri Rinnen | |
---|---|
Gebuer |
17. September 1914 Bënzelt |
Gestuerwen |
26. September 1998 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Linguist |
Den Henri (Heng) Rinnen, gebuer de 17. September 1914 zu Bënzelt, gestuerwen de 26. September 1998 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Sprooch- a Vullefuerscher.
Vu Beruff war den Henri Rinnen Employé op der Post. Hie war Member vun der linguistescher Sektioun vum Institut grand-ducal a Matgrënner an éischte President vun der Actioun Lëtzebuergesch (bis 1972, dann nees vun 1984 bis 1992). Hien huet déi éischt Dictionnairen an d'Lëtzebuergescht, en Däitsch-Lëtzebuergeschen an e Franséisch-Lëtzebuergeschen, zesumme mam Will Reuland erausginn, an op Radio Lëtzebuerg reegelméisseg Emissiounen iwwer d'Lëtzebuergesch gemaach.
Den Henri Rinnen war och en aktiven Naturschützer; hie war Matgrënner vun der Natura a vun 1968 bis 1986 President un der Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga. Als eng Zort Synthees vu sengen zwéin Haaptintressie kann ee seng Sammlung iwwer Lëtzebuerger Vullennimm gesinn, déi 1969 erauskoum.