Den Iernzener Sandsteen ass e Sandsteen deen zu Iernzen ofgebaut gëtt.
Wéinst senger Häert an Dauerhaftegkeet an och senger waarmer beige-gieler Faarf gouf dëse Stee gär fir de Bau an och d'Restauréierung vu Fassade vu representative Gebaier gebraucht.
Den Iernzener Sandstee gëtt an enger Carrière um Plateau am Süde vun der Uertschaft exploitéiert, um westlechen Hank vum Dall vun der Wäisser Iernz.