Jean-Pierre Junius | |
---|---|
Gebuer |
28. Januar 1925 Diddeleng |
Gestuerwen | 21. Februar 2020 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler |
De Jean-Pierre "Jim" Junius, gebuer den 28. Januar 1925 zu Diddeleng, a gestuerwen den 21. Februar 2020[1], war e lëtzebuergesche Moler. Hien huet zu Schëffleng gelieft a geschafft.
De Jean-Pierre Junius huet säi Studium am Kolléisch ugefaangen, an ass duerno an d'Normalschoul gewiesselt. 1945 huet hien do säin Ofschloss als Schoulmeeschter gemaach.
1946 huet hien zu Paräis Konscht studéiert. Direkt duerno huet hien ugefaangen als Schoulmeeschter ze schaffen d'éischt zu Wolz a vun 1955 un zu Schëffleng.
Dem Jean-Pierre Junius seng Wierker waren zu Lëtzebuerg, an och am Ausland, wéi zu Monte-Carlo, Paräis, Hamburg, Brest, São Paulo a Sevilla an Ausstellungen ze gesinn.
Am Joer 1995 war eng grouss Retrospektiv vun de Biller vum Jean-Pierre Junius am Tutesall am Gronn an der Stad ze gesinn.
"En simplifiant un peu, il est possible de distinguer deux versants dans l'art de Jean-Pierre Junius. L'un, diurne, est tourné vers le soleil, baigné de clarté ; l'autre, nocturne, assombri par le ciel qui toutefois peut s'illuminer brusquement, brutalement." (Lucien Kayser, Katalog vun der Ausstellung vun 1995)
Commons: Jean-Pierre Junius – Biller, Videoen oder Audiodateien |