Jean Yanne | |
---|---|
Gebuertsnumm | Jean Roger Gouyé |
Gebuer |
18. Juli 1933 Les Lilas |
Gestuerwen |
23. Mee 2003 Morsains |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun |
Centre de formation des journalistes, Lycée Chaptal |
Aktivitéit | Schauspiller, Regisseur, Komponist, Dréibuchauteur, Komiker, Sänger, Filmproduzent, Filmschauspiller, Filmregisseur, Lidderschreiwer, Organist, Televisiounsschauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | Mimi Coutelier |
Liewenspartner(in) | Christianne Fugger von Babenhausen, Mimi Coutelier, Nicole Calfan, Sophie Garel |
De Jean Yanne, gebuer als Jean Roger Gouyé den 18. Juli 1933 zu Les Lilas a gestuerwen den 23. Mee 2003 zu Morsains, war e franséische Journalist, Schauspiller, Dréibuchauteur, Filmregisseur, Filmproduzent an Auteur.
De Jean Yanne huet säi Beruffsliewen als Journalist ugefaangen. Duerno ass hie mat Sketcher am Cabaret opgetrueden an huet Theater gespillt. Hien hat 1964 mam Film La vie l'envers vum Alain Jessua säin Duerchbroch beim Film.
Seng wichtegst Rollen als Schauspiller hat hien an de Filmer Que la bête meure (1969) an a Le boucher, allen zwéi vum Claude Chabrol. Hien huet awer och an anere bedeitende Filmer wéi Week-end (1967) vum Jean-Luc Godard, Nous ne vieillirons pas ensemble (1972) vum Maurice Pialat, Le paltoquet (1986) vum Michel Deville a Le hussard sur le toit (1995) vum Jean-Paul Rappeneau matgespillt.
Hien huet och siwe Kinosfilmer als Regisseur gedréint.