Jemp Schuster | |
---|---|
Gebuer |
29. Februar 1948 Ettelbréck |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Kabarettist, Theaterregisseur, Romancier, Dramatiker |
![]() |
De Jemp Schuster, gebuer den 29. Februar 1948 zu Ettelbréck, ass e lëtzebuergeschen Auteur, Kabarettist, Theaterregisseur a fréiere Sportsenseignant.
Hien ass Auteur vu sozialkriteschen an historeschen Theaterstécker, Cabaretsprogrammer a Kannertheatherstécker.
![]() |
1983 huet hien de Kannertheaterensembel Jaddermunnes an d'Liewe geruff.
1988 huet hien de Verlag Haartnol gegrënnt, an deem hie seng Bicher, CDen an DVDe verëffentlecht.
De Jemp Schuster ass President vum Theater Spektakel asbl.
Hie war 1996, als Vertrieder vu Spektakel asbl, Matgrënner vun der Fédération luxembourgeoise des théâtres professionnels (FLTP) a vun 2000 bis 2008 war hien och hire President.
De Jemp Schuster ass Member vun der Section des arts et lettres a vum Institut grand-ducal. Hie war och Member am Lëtzebuerger Schrëftstellerverband.
![]() |
2020 an 2021 koum säin historesche Roman an zwéin Deeler, Bluttsëffer an Ouereschlëffer, eraus. 2023 huet hien de Roman Béischten publizéiert.