Jerzy Skolimowski | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
5. Mee 1938 Łódź |
Nationalitéit | Polen |
Aktivitéit | Filmregisseur, Schauspiller, Moler, Dramatiker, Dréibuchauteur, Regisseur |
Famill | |
Kanner | Józef Skolimowski |
![]() |
De Jerzy Skolimowski, gebuer de 5. Mee 1938 zu Łódź, ass e polnesche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Schauspiller. De Skolimowski huet zu Warschau Literatur a Geschicht, an duerno op der Filmhéichschoul zu Łódź Regie studéiert.
Am Ufank vun den 1960er Joren huet hie Kuerzfilmer gedréint an Dréibicher fir aner Regisseure wéi Andrzej Wajda a Roman Polanski geschriwwen. Zanter 1964 dréint hien och Laangspillfilmer als Regisseur. Bedeitend Filmer vun him sinn Le départ (1967), Deep End (1970) a The shout (1978).
Als Schauspiller war hien a Filmer vu grousse Filmregisseure wéi Andrzej Wajda, Volker Schlöndorff, Tim Burton, David Cronenberg a Mika Kaurismäki ze gesinn.
Commons: Jerzy Skolimowski – Biller, Videoen oder Audiodateien |