Joel McCrea | |
---|---|
| |
Gebuer |
5. November 1905 Kalifornien |
Gestuerwen |
20. Oktober 1990 Woodland Hills |
Doudesursaach | Longenentzündung |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | Pomona College |
Aktivitéit | Schauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller |
Partei | Republikanesch Partei |
![]() |
Den Joel McCrea, gebuer als Joel Albert McCrea de 5. November 1905 zu South Pasadena, Kalifornien, a gestuerwen den 20. Oktober 1990 zu Woodland Hills, Kalifornien, war en US-amerikanesche Schauspiller.
Hien huet a bedeitende Filmer wéi The Most Dangerous Game (1932) vum Ernest B. Schoedsack an Irving Pichel, Foreign Correspondent (1940) vum Alfred Hitchcock, Sullivan's Travels (1941) vum Preston Sturges a Ride the High Country vum Sam Peckinpah matgespillt.
Hie war vun 1933 bis zu sengem Doud am Joer 1990 mat der Schauspillerin Frances Dee bestuet.
Commons: Joel McCrea – Biller, Videoen oder Audiodateien |