![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Schoulmeeschter an Archeolog Jean Linden. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Jean Linden. |
Johann Linden | |
---|---|
| |
Gebuer |
7. Dezember 1838 Éinen |
Gestuerwen |
23. Januar 1901 Rolleng |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Archeolog, Enseignant |
![]() |
De Johann (Jean) Linden gebuer de 7. Dezember 1838 zu Éinen, a gestuerwen den 23. Januar 1901 zu Péiteng[1] respektiv Rolleng bei Péiteng,[2] war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Archeolog.
No der Normalschoul ass de Jean Linden Schoulmeeschter zu Lamadelaine ginn, wou hie bis un d'Enn vu sengem Liewe bliwwen ass. D'Numismatik an d'Archeologie hunn hie passionnéiert. Déi entspriechend Kenntnesser huet hie sech duerch d'Liesen, Studéieren a Fuersche selwer ugëeegent. Als Schoulmeeschter vu Rolleng, an der Noperschaft vum Tëtelbierg war hie gutt placéiert, fir deem Hobby nozegoen. Hien hat eng vun de gréisste lëtzebuergesche Sammlunge vu kelteschen a réimesche Mënzen, déi hie selwer ausgegruewen hat.
Hien huet sech och mat der Erfuerschung vun de Flouernimm ofginn, an doriwwer an iwwer historesch Sujeten am “Luxemburger Land” geschriwwen; donieft huet hie Lëtzebuerger Seeërcher gesammelt, déi am Nicolas Gredt sengem “Sagenschatz” ze fanne sinn (16 Stéck)[3].
De Linden war “membre correspondant” vun der historescher Sektioun vum Institut grand-ducal. De gréissten Deel vu senge Schrëften huet hien ënner dem Pseudonym “Der Eremit vom Titelberg” publizéiert.
Hie war den Neveu vum Deche Jean Linden.
Fir un de Jean Linden z'erënnere gouf zu Beggen eng Strooss no him benannt.