Joseph Felten | |
---|---|
Gebuer |
16. Mee 1888 Boufer |
Gestuerwen |
23. Juli 1919 Mëtscheed |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Auteur |
![]() |
De François Joseph Felten, gebuer de 16. Mee 1888 zu Boufer a gestuerwen den 23. Juli 1919 zu Mëtscheed, war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Auteur.[1]
De Joseph (Joss) Felten war vun 1908 bis 1915 Schoulmeeschter zu Mëtscheed a vum Schouljoer 1915/1916 un zu Esch-Uelzecht, wou hie schonn am Oktober 1914 eng Nominatioun kritt hat, mä eréischt 1915 ugetrueden ass.[2]
De Felten war Sekretär vum Escher Volleksbildungsveräin. Hien ass den Auteur vun enger Publikatioun iwwer d'ländlech Volleksbibliothéiken, en Theema, op dat hien och a Versammlungen, déi den Escher Volleksbildungsveräin organiséiert huet, agaangen ass, z. B. den 12. Dezember 1915 zu Zolwer an zu Bieles.[3]
De Felten ass den Auteur vum Theaterstéck Mengt Grêtche. Hien huet och kleng literaresch Kontributiounen an Zeitunge publizéiert, z. B. Sylvestergedanken am Landwirt (1908)[4] oder Nanny. Eine Weihnachtsskizze am Escher Tageblatt (1916).[5]