Libratioun: Déi animéiert Simulatioun weist den Ubléck vum Äerdmound iwwer en Zäitraum vu 27 Deeg, wat enger deeglecher Foto vum Äerdtrabant an alle Moundphase vun Nei- iwwer Vollmound bis Neimound entsprécht. Donieft ass och seng Wénkel- a Gréissteschwankung tëscht Äerdapogeum a Perigeum ze gesinn.

An der Astronomie versteet een ënner Libratioun eng reell oder scheinbar Taumelbeweegung vun engem Mound, gesi vu sengem Zentralkierper.

Bal all gréissere Mound aus dem Sonnesystem ass an enger gebonnener Rotatioun ëm säin Zentralplanéit, dat heescht, si dréien sech wärend engem Ëmlaf ëm de Planéit och eemol ëm déi eegen Achs. Dofir dréien déi Mounden am Prinzip hirem Planéit ëmmer déi selwecht Säit zou. Well d'Mounden awer net op exakte Kreesbunne mat konstanter Wénkelvitess ëm hire Planéit kreesen, wärend d'Eegerotatioun eng konstant Wénkelvitess opweist, a well en Observateur op dem Planéit net exakt op der Verbindungslinn vun de Massenzentre si muss, gesäit den Observateur am Laf vun engem "Mount" net ëmmer exakt déi selwecht Säit vum Mound. Duerch déi verschidden Effeter, déi zu dëser Taumelbeweegung féieren, si vun der Äerduewerfläch am Laf vun der Zäit am Ganzen 59 Prozent vun der Mounduewerfläch ze gesinn.

Beschreiwung

Moundkaart vum Johannes Hevelius aus senger Selenographia (1647). Et ass déi éischt Kaart, op där d'Libratiounszonen agezeechent sinn.

Et ënnerscheet ee follgend Aarte vu Libratioun, hei um Beispill vum Äerdmound:

Optesch Libratioun
Physesch Libratioun

Berechnung

Déi optesch Libratioun léisst sech bei kuerzer Distanz aus den himmelsmechaneschen Eegenschafte vum Äerd-Sonn-Mound-System berechnen. Vernoléissegt ee bei enger éischter Approximatioun den Afloss vun der Sonn, sou kritt een aus der Léisung vum Zweekierperproblem Äerd-Mound follgend Wäerter:

.
D'Period vun dëser Libratioun ass den drakonitesche Mount.

Déi grouss Stéierunge vum Äerd-Mound-System haaptsächlech duerch d'Sonn bewierken zousätzlech Ofwäichungen, där hir wichtegst déi follgend sinn:

,
woubäi mat als synodesche Mount.
Déi maximal Libratioun an der Längt vun ongeféier 7,72° kann nëmme virkomme wann d'Apsidelinn an engem bestëmmte Wénkel zu der Achs Äerd-Sonn steet.

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck