Lucien Bentz | |
---|---|
Gebuer | 6. Dezember 1916 |
Gestuerwen | 25. Februar 1944 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
![]() |
De Lucien Bentz (genannt Bütz)[1], gebuer de 6. Dezember 1916 zu Dikrech, gestuerwen de 25. Februar 1944 zu Hinzert, war e lëtzebuergesche Sportsprofesser a Resistenzler.
No sengem Secondairesstudium am Iechternacher Kolléisch huet de Lucien Bentz zu Nanzeg an zu Bonn Sport studéiert. Am September 1940 huet hie säi Studium zu Nanzeg mat Erfolleg ofgeschloss.[2]
Seng Enseignantscarrière huet hien am Iechternacher Kolléisch ugefaangen, duerno huet hien am Dikrecher Kolléisch, der Akerbausschoul vun Ettelbréck a schliisslech am Atheneum an der Stad Lëtzebuerg enseignéiert.
Als iwwerzeegte Patriot huet de Lucien Bentz sech schonn ufanks 1941 an der Resistenz engagéiert an ass nach an deemselwechte Joer Kantonalchef vun der LVL fir de Kanton Iechternach ginn. Den 29. Oktober 1943 ass de Lucien Bentz am Atheneum verhaft an an d'KZ Hinzert bruecht ginn. De 25. Februar 1944 ass hien do zesumme mat 20 anere Lëtzebuerger, engem Fransous an engem Belsch vun den Nazien erschoss ginn.[3]
De Lucien Bentz krut posthum Croix de la Résistance.[4] Him zu Éieren hunn d'Professeren an d'Schüler vum Atheneum 1945 de «Challenge Lucien Bentz», e Foussballturnéier tëscht deenen eenzele Lycéeën aus dem Land, an d'Liewe geruff. D'Finall vum éischten Challenge ass den 8. Februar 1946 am Stater Stadion gespillt ginn; si huet den Atheneum an den Escher Jongelycée (LGE) opposéiert. Vainqueur mat 4:3 war den LGE.[5],[6]
De Lucien Bentz huet virum Zweete Weltkrich an der éischter Ekipp vum Iechternacher Daring gespillt.[7] Hie war och Member vun der Stater Union sportive.[8]