![]() |
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Lull Gillen | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
7. Oktober 1928 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
11. August 2010 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Vëlossportler |
![]() |
De Lucien (Lull) Gillen, gebuer de 7. Oktober 1928 an der Stad Lëtzebuerg an och do gestuerwen den 11. August 2010[1] war e lëtzebuergesche Vëlossportler a Bankemployé. Hie war e Spezialist op der Bunn an ass haaptsächlech Sechs-Deeg-Coursse gefuer. 1955 huet hien op der Bunn zu Mailand en neie Weltrekord iwwer 5000 m opgestallt. De Lull Gillen war de Jong vum Maurice Gillen.
Säin éischten Erfolleg op zwee Rieder hat de Lull Gillen am Alter vu sechs Joer, wéi e bei enger Trotinette-Course matgemaach huet, an déi gewonnen huet.
Den 13. September 1947 ass de Lull Gillen professionelle Vëlossportler ginn. (Quell: "De Letzeburger Sport" vum 04.09.1947)
De Lull Gillen ass seng éischt Sechs-Deeg-Course vum 18. bis den 23. Oktober 1948 zesumme mam Mett Clemens zu New York gefuer. Obschonn déi zwéin nach weider keng Erfarung op der Pist haten, koumen si dobäi op déi 2. Plaz.
Seng lescht Sechs-Deeg-Course ass hien zesumme mam Palle Lykke-Jensen vum 18. bis de 24. Mee 1966 zu Québec gefuer an huet do mat enger 4. Plaz seng Karriär op der Pist ofgeschloss.
De Lull Gillen ass a senger Karriär 123 Sechs-Deeg-Coursse matgefuer, vun deenen hien der 11 gewonnen hat. Hien ass och nach 20-mol op déi 2. Plaz a 24-mol op déi 3. Plaz komm.