Mathias Kraus | |
---|---|
![]() De Mathias Kraus[1] | |
Gebuer | 7. Mee 1854 |
Gestuerwen | 23. Dezember 1924 |
Aktivitéit | Naturalist |
Member vun | Société des naturalistes luxembourgeois |
![]() |
De Mathias Kraus, gebuer de 7. Mee 1854 zu Berbuerg, gestuerwen den 23. Dezember 1924 an der Weilerbaach, war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter[2] a Libraire, dee sech op d'Distributioun vun auslänneschen Zeitunge spezialiséiert hat. Hie war de Papp vum Paul Kraus, no deem d'Messageries Paul Kraus genannt goufen.
De Mathias Kraus war en engagéierten Naturalist. Hie war Member vun der Société de botanique vun 1876 bis 1896 a war hire Sekretär vun 1885 bis 1889. Zesumme mat dem Jean-Pierre-Joseph Koltz an dem Mathias Thill huet hien d'Société de botanique um internationale Botanikerkongress zu Paräis[3] vertrueden.
De Mathias Kraus war 1890 ee vun de fënnef Grënner[4] vun der Société des naturalistes luxembourgeois (SNL), där hire Sekretär hie vun 1890 bis 1900 war.