Max Gallo
Gebuertsnumm Max Louis Jules Gallo
Pseudonym Max Laugham, David Gallway
Gebuer 7. Januar 1932
Nice
Gestuerwen 18. Juli 2017
Vaison-la-Romaine
Doudesursaach Parkinson-Krankheet
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Politiker, Historiker, Schrëftsteller, Biograph, Journalist, Universitéitsprofesser
Partei Parti socialiste
Member vun Académie française

De Max Gallo, gebuer de 7. Januar 1932 zu Nice a gestuerwen den 18. Juli 2017, war e franséische Schrëftsteller, Historiker a Politiker.

De Gallo huet um Institut d'études politiques de Paris (Sciences Po) studiéiert, a seng Studie mat anger Agrégation an der Geschicht, souwéi engem Doktorat fir Zäitgeschicht an als Docteur ès lettres ofgeschloss. Dono war hie vun 1960 bis Lycéesprof zu Nice, vun 1965 bis 1970 Maître assistant op der Universitéit vun Nice, vun 1970 bis 1975 Maître de conférences op der Sciences Po zu Paräis. Hie war Direkter vun e puer Publikationskollektioune bei den Éditions Robert Laffont an têscht 1971 an 1981 Editorialist beim L'Express.

Bis 1956 war de Max Gallo Member vum Parti communiste français, dono huet hie de Parti socialiste ënnerstëtzt.

Vum 23. Mäerz 1983 bis 18. Juni 1984 war hie Staatssekretär a Porte-parole vun der Regierung ënnert dem Premierminister Pierre Mauroy, an tëscht 1984 an 1994 Deputéierten am Europäesche Parlament.

Zanter dem 31. Mee 2007 war de Gallo Member vun der Académie française (Fauteuil 24).

Hien huet iwwer honnert Bicher geschriwwen, virun allem iwwer d'Geschicht, souwuel Sachbicher wéi och historesch Romaner an Erzielungen. Och en ettlech Biographië si vun him, z. B. iwwer de Louis XIV., d'Rosa Luxemburg (1993), de Charles de Gaulle (1998) an den Napoléon (2009).

Hien hat e ganzt traditonellt Geschichtsbild: Net sozial Changementer stinn um Urprong vu geschichtlechen Entwécklungen, mä 'grouss Männer', déi hir jeeweileg Epoch markéiert hunn.

Wierker

Romaner

Romansuiten

Essaien

Politik-Fiktion

Geschicht

Entretiens

Biographien

Autobiographie

Erzielung

Mataarbecht

Albumen