Nico Klopp | |
---|---|
![]() Selbstportrait vum Nico Klopp | |
Gebuertsnumm | Nicolas Klopp |
Gebuer |
18. September 1894 Bech-Maacher |
Gestuerwen |
29. Dezember 1930 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler, Graveur |
![]() |
Den Nico Klopp war e lëtzebuergesche Moler. Hien ass den 18. September 1894 zu Bech-Maacher gebuer, an den 29. Dezember 1930 an der Stad Lëtzebuerg gestuerwen, warscheinlech un engem Gehiertumor, am Alter vun nëmme 36 Joer. Hie gëtt zu de postimpressionistesche Moler gerechent.
Den Nico Klopp koum aus dem Wënzermilieu. Hien ass an d'Handwierkerschoul an der Stad gaangen. Seng Eltere si fréi gestuerwen. No hirem Doud, huet hie sech fräi gefillt, fir vun 1915-1920 zu Düsseldorf a Weimar Konscht ze studéieren. Well hie vun der Konscht eleng net liewe konnt, war hie vun 1923 un, Gemengereceveur zu Réimech.
Zäitweileg huet hien op Schoulen Zeechenunterrecht ginn, an huet nach en Täschegeld als Kannengerchersziichter verdéngt. 1927 huet hie sech mat e puer anere Kënschtler, wéi dem Joseph Kutter, dem Claus Cito, dem Auguste Trémont an anere vum Cercle Artistique getrennt, well him de Cercle ze réckstänneg war. Si goufe Sezessioniste genannt, well se 1927 e Salon de la Sécession organiséiert haten.
E puer vu senge Wierker sinn am Nationalmusée fir Geschicht a Konscht an der Stad ze gesinn.
Den Nico Klopp huet vill Biller vun der Musel gemoolt, bekannt si virun allem seng Biller vun der Muselbréck zu Réimech. Hien huet och Blummebiller gemoolt an dobäi hat hien eng Preferenz fir Tulpen. Ausserdeem war hien e Meeschter an Holz- a Linoschnëtter.
Commons: Nico Klopp – Biller, Videoen oder Audiodateien |