Staaten am Noen Osten

Den Noen Osten (Arabesch الشرق الأوسط asch-scharq al-ausat ëmfaasst am geographesche Sënn d'Länner vun der Arabescher Hallefinsel an déi Staaten, déi dorun ugrenzen. Fréier gouf d'Gebitt vum Osmanesche Räich baussent Europa sou bezeechent.

An dëser Bezeechnung äussert sech eng kontinental-europäesch Visioun op e Gebitt, bei deem et sech am wesentlechen ëm Westasien souwéi ëm kleng Deeler vu Nordafrika handelt.

Den Noen Osten ëmfaasst (meeschtens) follgend Staaten an autonom Gebidder:

De Begrëff Mëttleren Osten, deen een ëmmer méi an de Medie fënnt, gëtt meeschtens als wiertlech Iwwersetzung vum engleschen Ausdrock Middle East benotzt, deen dat selwecht geographescht Gebitt bezeechent an och an den uewe genannten arabeschen an hebräesche Bezeechnungen erschéngt (ausat ass den arabeschen, tichon den hebräesche Begrëff fir "mëttleren"). Am lëtzebuergesche Sproochgebrauch ass de Gebrauch vum Begrëff dogéint mëssverständlech, well hei de Mëttleren Osten am Fong en anert geographescht Gebitt bezeechent. Zur Zäit vum Osmanesche Räich hunn d'Brite vun Near East (Gebitt ouni den Iran) geschwat. Middle East huet deemools d'Gebitt Iran, Afghanistan, Kaukasus, Zentralasien bezeechent.

Literatur

Um Spaweck

Commons: Noen Osten – Biller, Videoen oder Audiodateien