Peter Lorre
Gebuertsnumm László Löwenstein
Gebuer 26. Juni 1904
Ružomberok
Gestuerwen 23. Mäerz 1964
Los Angeles
Doudesursaach Hiereschlag
Nationalitéit USA, Éisträich, Weimarer Republik
Aktivitéit Filmschauspiller, Filmregisseur, Charakterschauspiller, Dréibuchauteur, Theaterschauspiller, Schauspiller, Regisseur, Televisiounsschauspiller
De Peter Lorre an engem Filmtrailer (1941).

De Peter Lorre, gebuer als László Löwenstein de 26. Juni 1904 zu Rosenberg (deemools Keeserräich Éisträich-Ungarn) a gestuerwen den 23. Mäerz 1964 zu Los Angeles (Kalifornien), war en éisträichesch-US-amerikanesche Schauspiller, Filmregisseur an Dréibuchauteur. 1941 ass hien US-amerikanesche Staatsbierger ginn.

Am Joer 1933 huet de Peter Lorre wéinst senge jiddeschen Originen Däitschland verlooss.

De Lorre gouf bekannt duerch seng Roll als Kannermäerder am Film M vum Fritz Lang.

Hien huet a Filmer vu Regisseure wéi Michael Curtiz, John Huston, Alfred Hitchcock, Georg Wilhelm Pabst a Josef von Sternberg matgespillt. De Roger Corman huet hien och nach engagéiert zesumme mam Vincent Price an de Filmer The Raven an Tales Of Terror no Erzielunge vum Edgar Allan Poe.

Filmographie

als Regisseur an Dréibuchauteur

als Schauspiller

vun 1929 bis 1939

vun 1940 bis 1949

vun 1950 bis 1959

vun 1960 bis 1964

Literatur

Um Spaweck

Commons: Peter Lorre – Biller, Videoen oder Audiodateien