Plastic Bertrand
De Plastic Bertrand 1987 beim ESC fir Lëtzebuerg
Gebuertsnumm Roger Marie François Jouret
Gebuer 24. Februar 1954
Bréissel
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Sänger, Dänzer

Plastic Bertrand ass de Kënschtlernumm vum belschen New-Wave-Museker Roger Jouret, deen de 24. Februar 1958 zu Bréissel gebuer gouf.

De Jouret huet seng musikalesch Carrière ugefaangen als Batteur vun der belscher Punkband Hubble Bubble, déi 1974 hiren eenzegen Album Hubble Bubble bei Barclay erausbruecht huet. De Succès huet sech a Grenze gehalen. Mä zesumme mat sengem Produzent a sengem Lidderschreiwer Lou Deprijck huet en 1977 den New-Wave-Klassiker Ça plane pour moi opgeholl, deen net eleng an Europa e volle Succès gouf.

Duerno huet hien nach erëmexperimentéiert mat Disko, Bubblegum Pop, Rap a Reggae.

1987 ass de Plastic Bertrand beim Grand Prix Eurovision zu Bréissel mat dem Lidd "Amour, Amour" fir Lëtzebuerg gestart[1], mat deem hien zweetleschte gouf. Doropshi war et eng Zäit méi roueg, mä 2002 huet hie sech mam Album Ultraterrestre zeréckgemellt.

Discographie

Albumen

Singelen

Um Spaweck

Referenzen

  1. Eurovision Song Contest 1987