Robert Enrico | |
---|---|
Gebuertsnumm | Gino Robert Enrico |
Gebuer |
13. Abrëll 1931 Liévin |
Gestuerwen |
23. Februar 2001 15. Arrondissement |
Doudesursaach | Longekriibs |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun | Institut des hautes études cinématographiques |
Aktivitéit | Schauspiller, Dréibuchauteur, Filmregisseur, Regisseur |
Famill | |
Bestuet mat | Lucienne Hamon |
![]() |
De Robert Enrico, gebuer den 13. Abrëll 1931 zu Liévin a gestuerwen den 23. Februar 2001 zu Paräis, war e franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.
Hien huet op der IDHEC (Institut des hautes études cinématographiques), der franséischer Filmhéichschoul, studéiert. Säin éischte Laangspillfilm Au cœur de la vie huet hien am Joer 1962 gedréint.
Bekannt Filmer vum Robert Enrico sinn Les grandes gueules (1965) mam Bourvil, Lino Ventura an der Marie Dubois, Les aventuriers (1966) mam Alain Delon a Lino Ventura a Le vieux fusil (1975) mat der Romy Schneider an dem Philippe Noiret.