Roger Pingeon | |
---|---|
Gebuertsnumm | Roger Pierre Pingeon |
Gebuer |
28. August 1940 Hauteville-Lompnes |
Gestuerwen |
19. Mäerz 2017 Beaupont |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Vëlossportler |
Veräin/Ekipp | Peugeot |
Famill | |
Geschwëster | René Pingeon |
De Roger Pingeon, gebuer den 28. August 1940 zu Hauteville a gestuerwen den 19. Mäerz 2017 zu Beaupont, war e franséische Vëlossportler.
No e puer Joer Amateurscoursse gouf hien 1964, an der Ekipp vum spéidere Weltmeeschter Tom Simpson, Profi. 1965 gouf hien zwieleften am Generalklassement vum Tour de France, dat Joer drop den Aachten, an 1967 de Gewënner am Général.
1968 gouf en de Fënneften, 1969 den Zweeten an 1974 den Eeleften. 1969 huet hien d'Vuelta a España gewonnen.
1974 huet hien, wéinst gesondheetleche Problemer, seng Karriär op en Enn bruecht a gouf méi spéit bei der Schwäizer Televisioun Speaker bei de Sendunge vum Tour de France.
Him zu Éiere gëtt all Joer L'Héraultaise Cyclosportive Roger Pingeon ausgedroen
Commons: Roger Pingeon – Biller, Videoen oder Audiodateien |