E Schwaarzt Lach ass en Objet, bei deem d'Schwéierkraaft op der Uewerfläch sou grouss ass, datt näischt deen Objet verloosse kann – net emol d'Liicht. Dofir kann een e Schwaarzt Lach och net direkt observéieren. E Schwaarzt Lach erkennt een nëmmen duerch seng Auswierkung, déi et op seng Ëmgéigend huet. Wann zum Beispill Matière a sou eent Schwaarzt Lach eragezu gëtt, dann erhëtzt dat sech sou staark, datt een eng intensiv Röntgenstralung feststelle kann.
Et ënnerscheet een tëscht stellare Schwaarze Lächer ((en) stellar black hole) a supermassive Schwaarze Lächer ((en) supermassive black hole). Stellar Schwaarz Lächer sinn eng Folleg vun der Weiderentwécklung vu Stären, déi eng Mass hunn, déi méifach méi grouss ass wéi déi vun eiser Sonn. Stäre mat enger grousser Mass explodéieren um Enn vun hirem Liewen als Supernova. D'Reschter vun där Explosioun kënnen zu engem Schwaarze Lach kollabéieren. Stäre mat enger klenger Mass stierwe relativ onspektakulär als Wäiss Zwergen. Dat si Stärereschter, déi ofkillen a verläschen. Supermasseräich Schwaarz Lächer kënnen déi milliounefach Mass vun eiser Sonn hunn a si warscheinlech am Zentrum vun de meeschte Galaxien. Wéi s'entstane sinn, gëtt am Ament nach erfuerscht.
Commons: Schwaarzt Lach – Biller, Videoen oder Audiodateien |