Simone Signoret
Gebuertsnumm Henriette Charlotte Simone Kaminker
Gebuer 25. Mäerz 1921
Wiesbaden
Gestuerwen 30. September 1985
Autheuil-Authouillet
Doudesursaach Bauchspäicheldrüsekriibs
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Filmschauspiller, Schrëftsteller, Theaterschauspiller, Schauspiller, Iwwersetzer
Famill
Bestuet mat Yves Allégret, Yves Montand
Papp André Kaminker
Kanner Catherine Allégret

D'Simone Signoret, gebuer als Simone Henriette Charlotte Kaminker de 25. Mäerz 1921 zu Wiesbaden a gestuerwen den 30. September 1985 zu Auteuil-Authouillet, war eng franséisch Schauspillerin a Schrëftstellerin.

Liewen

D'Simone Signoret ass zu Wiesbaden op d'Welt komm, wou hire Papp, en Iwwersetzer, fir déi franséisch Besatzung nom Éischte Weltkrich geschafft huet. Si ass an der Bretagne opgewuess.

1940 ass d'Famill, well de Papp polnesch-jiddesch Originnen hat, op London geflücht. D'Simone Kaminsker ass nach dat selwecht Joer op Paräis zeréckgaangen, an huet do, ënner dem Meederchersnumm vun hirer Mamm, Signoret, als Sekretärin beim Le Petit Parisien geschafft.

1941 hat si hir éischt Filmroll. 1943 huet se sech mam Regisseur Yves Allégret bestuet, mat deem s'eng Duechter, d'Catherine Allégret, krut. 1950 huet se sech scheede gelooss an 1951 de Schauspiller Yves Montand bestuet.

D'Simone Signoret huet a ville grousse Filmer matgespillt a krut fir hir Rollen ë. a. de Präis fir déi bescht Interpretatioun um Filmfestival vu Cannes 1959 an en Oscar fir déi bescht weiblech Haaptroll an Room at the Top. 1978 krut se den César als bescht Schauspillerin fir Madame Rosa. Si huet och mat Succès Theater gespillt, besonnesch, zesumme mam Yves Montand an The Crucible (1957) an a Macbeth (1966) am Royal Court Theatre zu London.

Bekannt gouf si och fir hiert politescht Engagement. 1950 huet si mam Montand d'Stockholmer Declaratioun ënnerschriwwen, an där de Verbuet vun allemn Atomwaffe gefuerdert gouf, a krut doropshin verbueden, an d'USA anzereesen. Si huet ëffentlech géint den Amarsch vun der Sowjetunioun an Ungarn protestéiert, géint de Krich an Algerien, d'Franco-Regime a Spuenien an d'"Normalisatioun" an der Tschecholslowakei, an huet sech bei Aarbechterstreiken engagéiert.

Ee Joer virun hirem Doud huet si de Roman Adieu Wolodja erausbruecht.

D'Simone Signoret ass 1985 un de Suitë vun engem Kriibs gestuerwen a gouf um Kierfecht Père Lachaise begruewen, wou sechs Joer drop och hire Mann bäigesat gouf.

Filmographie

D'Signoret op der japanescher Affiche vu Casque d'or (1952).

Kino

Kuerzfilmer

Televisioun

Wierker

Literatur

Um Spaweck

Commons: Simone Signoret – Biller, Videoen oder Audiodateien