Sterne und Weltraum (kuerz: SuW) ass eng däitschsproochesch Zäitschrëft fir Astronomie. Si kënnt all Mount an der Spektrum der Wissenschaft Verlagsgesellschaft mbH eraus. An hir beschreiwe Fachleit an Amateuren aktuell, wéi och grondleeënd Fuerschungstheemen an Neiegkeeten am Universum. Wie selwer Sonn, Äerdmound, Planéiten a Stäre wëll kucken, kritt hei ausféierlech Informatiounen.

D'Zäitschrëft, déi 1962 vum Hans Elsässer, Rudolf Kühn a Karl Schaifers gegrënnt gouf, gëtt all Mount am Max-Planck-Institut fir Astronomie zu Heidelberg gemaach. Ufanks gouf si zu Mannheim, spéider zu München an zanter 1996 zu Heidelberg zesummegestallt. Den 1. Januar 1997 huet Sterne und Weltraum mat der Zäitschrëft Die Sterne (zanter 1921) fusionéiert. Den Numm Sterne und Weltraum ass bliwwen.

Literatur

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck