Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Tony Schmit | |
---|---|
Gebuer |
21. Oktober 1888 Waarken |
Gestuerwen |
1. Juli 1956 Ettelbréck |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Den Tony Schmit, gebuer als Antoine Jean Schmit den 21. Oktober 1888 zu Waarken[1] a gestuerwen den 1. Juli 1956 zu Ettelbréck[2], war e lëtzebuergeschen Deputéierten (Rietspartei, resp. CSV) a Bauer vu Waarken.
Hie gouf bei de partielle Chamberwale vum 6. Juni 1937 fir d'éischt als Deputéierten aus dem Walbezierk Norden an d'Chamber gewielt. Am Mäerz 1945 krut hie seng Nominatioun als Member vun der Assemblée consultative a bei de Chamberwale vum 21. Oktober 1945 gouf hie an d'Chamber zeréck gewielt, geneesou wéi bei de partielle Chamberwale vum 3. Juni 1951 a bei de Chamberwale vum 30. Mee 1954 an ass bis zu sengem Doud Deputéierte bliwwen[3]. Och säi Papp Jean-Pierre Schmit war schonn Deputéierte gewiescht.[4],[5]
Hie war och vun 1937 bis zu sengem Doud Member vum Gemengerot vun der Gemeng Ettelbréck.[3]