Kategorien erlaben et, Wikipedia-Artikelen a bestëmmten "Tiräng" ze leeën. Am Géigesaz zu richtegen Tiräng kann en Artikel dobäi a méi wéi eng Kategorie gehéieren; d'Kategorië selwer kënnen och nees anere Kategorien zougeuerdent ginn.
Kategorië kënnen an der Wikipedia fir verschidden Zwecker agesat ginn. Méiglech Uwendungsfäll sinn:
D'Artikelkategoriséierung vu Wikipedia erfollegt duerch e ganz flexibelt Verfueren. Dëst Verfueren ass multihierarchesch a léisst méifach Zouuerdnungen zou. An der Informatik ass dëse Prinzip als Méifachverierwung bekannt. Prinzipiell kann all Auteur all Kategorie definéieren, d'Hierarchiestruktur änneren etc. Fir datt dës wënschenswäert Fräiheet awer net dozou féiert, datt de Sënn vun der Kategoriséierung, dat heescht d'Fanne vun Artikelen a bestëmmte Beräicher souwéi d'Méiglechkeet vu statisteschen Aussoen, schlussendlech net méi ginn ass, well den Nummraum vun de Kategorië komplett chaotesch wuchert, gëllt fir d'Lëtzebuerger Wikipedia follgend Verfueren:
Déi graff Struktur vun der Kategoriséierung an eenzel Haaptkategorien, Haaptopdeelungen an Artikeltyppe gëtt initial duerch intresséiert Benotzer am Konsens festgeluecht. Séchergestallt muss dobäi ginn, datt statistesch Graffanalyse vun der Wikipedia zu jidder Zäit méiglech sinn. Dofir muss d'Zuel vun den ieweschte Kategorië relativ begrenzt sinn. Weiderhi soll d'Uleeë vun Hierarchiestrukturen, déi net funktionéieren, sou schwéier wéi méiglech gemaach ginn.
Ännerungen an dëser Graffstruktur kënnen nëmme mat engem neie Konsens mat Abezéie vun de méigleche Folge geschéien.
An den Haaptkategorië leeën interesséiert Fachberäicher d'Strukture fest. Wéi dat genee gehandhaabt gëtt, ass dem jeeweilege Fachberäich selwer iwwerlooss.
D'Artikelen op der Wikipedia ginn no dräi ënnerschiddleche Prinzippie kategoriséiert:
Den éischte Prinzip gëtt iwwer d'Haaptkategorie gesteiert, den zweeten iwwer d'Artikeltypen, den drëtten iwwer d'Fixéierungen. D'Kombinatioun aus dëse Eegenaarten definéiert a wéi een Tirang den Artikel gestach gëtt. Sou ass zum Beispill de "Josy Braun" e "Linguist" (Artikeltyp), an doriwwer eraus e Lëtzebuerger Linguist, wat hie gläichzäiteg an d'geographesch Fixéierung "Lëtzebuerg" klasséiert.
Auteuren, déi Artikele klassifizéiere wëllen, sollte wgl. op Follgendes oppassen: Grondsätzlech sollt all Artikel zu enger oder méi Haaptkategorië gehéieren oder zu enger Ënnerkategorie vun dëser Haaptkategorie. Wann ee sech mat den Ënnerkategorie vun engem Haaptberäich net sou genee auskennt, dann ass et am beschten, den Artikel an d'Haaptkategorie ze setzen, an d'Detailaarbecht deenen z'iwwerloossen, déi sech am Fachberäich auskennen.
En Artikel gëtt an eng Kategorie gesat, andeems Dir wgl. um Enn vum Artikel follgendes hischreift:
[[Kategorie:X]]
Fir Artikelen alphabetesch ze sënneren, wat bei Persounen gerode gëtt, musst Dir follgendes schreiwen:
[[Kategorie:X|Y]]
Als Beispill:
[[Kategorie:X|May Karl]]
Fir d'Kategorië selwer ënnereneen opzedeelen, musst Dir nom nämmlechte Prinzip verfueren.