Abbas Kiarostami
Gebuer 22. Juni 1940
Teheran
Gestuerwen 4. Juli 2016
14. Arrondissement
Doudesursaach Mokriibs
Nationalitéit Iran
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur, Fotograf, Filmproduzent, Dichter, Filmediteur, Schauspiller, Moler, Sculpteur, Kameramann, Grafiker, Illustrateur, Fotoreporter, Redakter, Regisseur

Den Abbas Kiarostami (Persesch: عباس كيارستمى), gebuer den 22. Juni 1940 zu Teheran a gestuerwen de 4. Juli 2016 zu Paräis, war en iraneschen Dréibuchauteur, Filmregisseur a Lyriker.

1974 koum säin éischte Laangfilm, Mossafer, eraus. Géint Enn vun den 1980er Jore gouf de Kiarostami duerch säi Film Khane-ye doust kodjast? och international bekannt.

1997 krut hien um Festival vu Cannes d'Gëlle Palm fir säi Film Ta'm e guilass ("De Goût vun der Kiischt"). Zwee Joer dop krut hien um Festival vu Venedeg verschidde Präisser fir säi Film Bad ma-ra khahad bord.

Hien huet och Gedichter geschriwwen, 1999 koum zu Teheran eng Sammlung vun 221 kurezen, liichten, ma lakonesch-kräftegen Texter, eraus.

Filmographie

Um Spaweck

Commons: Abbas Kiarostami – Biller, Videoen oder Audiodateien