Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Portal vun der fréierer Abtei

D'Abtei Iechternach war eng Benediktinerabtei, déi, op eng Stëftung vun der Irmina vun Oeren hin, vum Missionnaire Willibrord zu Iechternach gebaut gouf.

Si war virun allem bekannt fir hire Scriptorium, an deem am 11. Joerhonnert ënner anerem de Codex Aureus Epternacensis, de Codex Aureus Escorialensis an den Iechternacher Evangelistar entstane sinn.

An der Zäit vun der franséischer Revolutioun gouf d'Abtei grad wéi d'Abteikierch beschlagnaamt, a vun den Truppen an den Iechternacher Bierger geplëmmt. Wéi d'Pateren den 10. Februar 1797 probéiert haten zeréckzekommen, goufe se definitiv vun de Fransouse fortgedämpt an de Besëtz gouf de 24. Februar 1797 versteet.

D'Abtei mat der Kierch gouf vum Jean-Henri Dondelinger, dee virdrun Haffmeier vum Klouschter war, gesteet an an eng Faïencefabréck ëmfunktionéiert.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Faïencerie Dondelinger.

E groussen Deel vun aneren Abteigidder wéi z. B. d'Weilerbacher Schmelz an d'Schlass, d'Bollenduerfer Buerg, d'Ferschweiler Millen an den Diesburgerhaff goufe vum Nicolas Vincent Légier, engem franséische Regierungskommissär, opkaaft.

Äbt

Statu vum Willibrord mat sengem Wäiwonner-Fässchen.
Theofried vun Iechternach.
Statu vum Abt Pierre Richardot an der Basilika zu Iechternach.

Prachthandschrëften aus dem Iechternacher Skriptorium

Vun de Prachthandschrëften aus dem Skriptorium vun der Abtei, déi tësche ronn 1028 an 1060 entstane sinn, sinn der haut nach 11 erhalen:

Um Spaweck

Commons: Abtei Iechternach – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Archives nationales de Luxembourg, ANLux A-XXIX-1297. Loutsch, Armorial du pays de Luxembourg, S. 360
  2. Archives nationales de Luxembourg, ANLux A-XXIX-1297. Loutsch, Armorial du pays de Luxembourg, S. 634
  3. Archives nationales de Luxembourg, ANLux A-XXIX-1297
  4. Archives nationales de Luxembourg, ANLux A-XXIX-1297. Loutsch, Armorial du pays de Luxembourg, S. 446
  5. Archives nationales de Luxembourg, ANLux A-XXIX-1297. Loutsch, Armorial du pays de Luxembourg, S. 835
  6. Gerhard Knoll: Geschichte des Evangelistars Heinrichs III. In: Ders. (Hrsg.): Das Echternacher Evangelistar Kaiser Heinrichs III. Staats- und Universitätsbibliothek Bremen Ms. b. 21. S. 27–33, hier S. 27–28.