Adrienne Juncker | |
---|---|
Gebuer |
17. Oktober 1923 Niderviller |
Gestuerwen |
1989 Stadbriedemes |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Textilkënschtlerin |
Member vun | Cercle artistique de Luxembourg |
![]() |
D'Adrienne Juncker, gebuer de 17. Oktober 1923 zu Niderviller a gestuerwen 1989 zu Stadbriedemes, war eng lëtzebuergesch Textilkënschtlerin.[1]
D'Adrienne Juncker ass an d'Handwierkerschoul an der Stad Lëtzebuerg gaangen. Si huet Textiltapisserie a Wanddekoratioune gemaach. Si huet u Konscht- an Handwierksausstellungen doheem an am Ausland deelgeholl an huet hir Wierker zu Tunis (1970-1971),[2] Arel (1972) an a Kanada (1975)[3] ausgestallt, an och zesumme mam Frantz Kinnen, mat der Colette Probst-Wurth an der Andrée Wirion an der Ausstellung Les Métiers de création du Benélux am Musée fir Konschthandwierk vun der Provënz Antwerpen um Schlass Sterckshof zu Deurne bei Antwerpen (1975).[4]
Si war Member vum Kënschtlerveräin Cercle artistique de Luxembourg, wou si vun 1985 un den alljärleche Salonen deelgeholl huet,[5] Si huet 1964 de Prix Benelux um Artisanat de création et architecture zu Bréissel gewonnen.