Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Aloyse Duhr | |
---|---|
Gebuertsnumm | Aloyse Mathias Marie Duhr |
Pseudonym | Ali Duhr, Aly Duhr |
Gebuer |
18. Abrëll 1918 Ohn |
Gestuerwen |
1. Januar 1974 Gréiwemaacher |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Wënzer, Politiker |
Partei | CSV |
Den Aly Duhr, gebuer als Aloyse Mathias Marie Duhr den 18. Abrëll 1918 zu Ohn, a gestuerwen den 1. Januar 1974 zu Gréiwemaacher[1], war e lëtzebuergesche Wënzer a Politiker[2] (CSV).
Hie war 1945 Member vun der Assemblée consultative an duerno, bis zu sengem Doud, Deputéierten an der Chamber.[3] Säin Doud huet mat sech bruecht, datt d'CSV e puer Méint laang, bis d'Chamberwale vum 26. Mee 1974, mat engem Deputéierte manner an der Chamber vertruede war, well kee méi op hirer Lëscht vum Ostbezierk stoung, deen nach hätt kënnen noréckelen.[4].
Vun 1964 bis zu sengem Doud war hie Buergermeeschter vun der Gemeng Wuermer.