![]() |
Dësen Architektursartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Antoine Luja | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
23. Juni 1845 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
22. Oktober 1916 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Architekt |
Famill | |
Kanner | Henri Luja, Edouard Luja |
![]() |
Den Antoine Luja, gebuer den 23. Juni 1845 an der Stad Lëtzebuerg, an och do gestuerwen den 22. Oktober 1916, war e lëtzebuergeschen Architekt.
Vun 1869 bis 1909 war hien Architekt vun der Stad Lëtzebuerg an huet mam franséische Landschaftsarchitekt a Botaniker Edouard André zesummegeschafft[1], deen de Park vun der Stad Lëtzebuerg tëscht 1871 a 1878 ugeluecht huet.
Hie war de Papp vum Biolog, Fuerscher an Entdeckungsreesenden Edouard Luja (1875-1953) an dem Landschaftsarchitekt Henri Luja (1899-1977).
Den 31. Mäerz 2017 huet de Stater Gemengerot decidéiert, eng nei Strooss zu Bouneweeg no him ze nennen.[2]