Ben Affleck | |
---|---|
![]() am Joer 2009 | |
Gebuertsnumm | Benjamin Geza Affleck |
Gebuer |
15. August 1972 Berkeley |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Schauspiller, Dréibuchauteur, Filmregisseur, Filmproduzent, Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Pokerspiller, Schrëftsteller, Synchronspriecher, Delegéierte Produzent, Produzent, Televisiounsproduzent |
Partei | Democratic Party |
Member vun | WGA West |
Famill | |
Bestuet mat | Jennifer Garner, Jennifer Lopez |
Liewenspartner(in) | Gwyneth Paltrow, Jennifer Garner, Jennifer Lopez |
Geschwëster | Casey Affleck |
Kanner | Violet Affleck, Seraphina Affleck, Sam Affleck |
![]() |
De Benjamin Géza Affleck-Boldt, bekannt als Ben Affleck, gebuer de 15. August 1972 zu Berkeley, Kalifornien, ass en US-amerikanesche Schauspiller, Regisseur, Dréibuchauteur a Produzent. Hie gouf fir d'éischt bekannt an den 1990er Joren am Kevin Smith senge Filmer Mallrats (1995), Chasing Amy (1997), an Dogma (1999). 1997 huet hien en Oscar an e Golden Globe fir d'Dréibuch vum Film Good Will Hunting gewonnen, dat en zesumme mam Matt Damon geschriwwen hat.
International bekannt Rollen hat en an Armageddon (1998), Pearl Harbor (2001), Changing Lanes (2002), The Sum of All Fears (2002), Daredevil (2003), Hollywoodland (2007), State of Play (2009) an The Town (2010).
Hien ass Regisseur vun ë. a. Gone Baby Gone (2007) The Town (2010) an Argo (2012), woufir en e Golden Globe Awards, BAFTA, Directors Guild Award an den Oscar fir de beschte Film gewonnen huet.
De Ben Affleck ass de Brudder vum Schauspiller Casey Affleck. Hien ass zanter 2005 mat der Schauspillerin Jennifer Garner bestuet. Virdru war e mam Gwyneth Paltrow an dem Jennifer Lopez zesummen.